CHEF DE POSTE – LËTZ (M/W)

Mir sichen de Moment en/eng „Chef de Poste – Lëtz (M/W)“ fir ee vun eise Sitten.

Är Aufgaben

  • Dir stellt den Aarbechtsplang vun der Agentenequipe um Terrain op;
  • Et ass Är Aufgab, all Demanden an Zesummenaarbecht mam Service commercial an Ärem direkte Manager ze plangen;
  • Dir suergt fir d’Qualitéit vun den erbruechten Déngschtleeschtungen;
  • Dir sidd zoustänneg, dofir ze suergen, dass d’Instruktioune genee agehale ginn;
  • Dir kontrolléiert den Ufank an d’Enn vun den Agenten hiren Aarbechtszäite wéi och hir Aarbechtskleedung;
  • Dir suergt fir déi korrekt Ausféierung vun de Missioune fir all eenzel Equipe;
  • Dir gitt déi adequat Instruktiounen un d’Equippen um Terrain;
  • Dir sidd den Interface tëschent den Agenten, de Clienten an dem Haaptsëtz.

Äre Profil

  • Dir hutt op d’mannst 2 Joer Beruffserfarung am Beräich vun der Iwwerwaachung;
  • Dir hutt en Diplom fir éischt Hëllef a fir Brandbekämpfung;
  • Dir hutt eng gutt Fäegkeet am Redigéieren (ausféierlech Rapporten …);
  • Dir gitt gutt mat de Leit eens, sidd opgeschloss an hutt een ausgezeechente Sënn fir Kommunikatioun;
  • Dir sidd gewëssenhaft a bréngt Iech op der Aarbecht an;
  • Dir hutt de richtege Sënn fir Teamaarbecht an och fir Proaktivitéit;
  • Dir kënnt ganz diskret a vertraulech schaffen;
  • Sproochen: fléissend Lëtzebuergesch;
  • Dir beherrscht de Package Microsoft Office.

Eis Offer

  • En onbefristete Vertrag fir eng Vollzäitplaz;
  • En internationaalt Aarbechtsëmfeld;
  • Eng attraktiv Pai.

Bewerbt Iech nach haut op: jobs@securitas.lu